A few of the Gauls (Luxembourgish)

asterix
Den Asterix os den Held vun dësen Aventuren. E klenge fuussege Krichsmann mat engem helle Käppchen; séng Leit zécken nët, him fir all geféierlech Missioun ze trauen. Den Astérix huet sénq Kraaft aus dem Zauberdrank vum Druid Panoramix.
panoramix
Den Panoramix as de respektéierten Druid aus dem Duerf. Hie pléckt Mëspel a brutscht Zaubergedrénks; am beschten as dat him gero- den, dat jidferengem eng ongeheier Kraaft gët, deen et drénkt, Mä de Panoramix huet nach eng ganz Rëtsch aner Rezepter an der Kopp.
assurancetourix
Den Tutebottix as den Dichtersänger. Iwwer säin Talent sin si sech nët eens: hie selwer hält sech fir deen Allerbeschten. Fir all déi aner as hien dat Allerlescht. Mä wann hien de Mond hält, as hien e gudde Kolleg, e feine Kärel.
obelix
Den Obelix an den Asterix halen zesumme wéi Pech. Den Obelix as vu Beruff Menhir-Liwwerant, hie bafft fir säi Liewe gär Wëllschwäin an as e richtege Kläpper. Fir mat dem Asterix lasszegoen, do géng hien alles arn Plang loossen. Dem Obelix säin Hond Iddifix as den eenzege gréngen Hond, dee bekannt es : hien hurelt vu Misär wann e Bam ërngeha get.
abraracourcix
Den Zwirkinnix as de Chef vun der Sipp. Eng gelleg Majesteit mat vill Courage, awer zimlech onheemlech; deen ale Sträitvull gët vu sénge Leit respektéiert a vu sénge Feinde gefaart. Hie selwer fäert nërnrnen eppes: den Himmel géng him op d'Klatz falen. Mä hie mengt: "Dat as och alt nach nët fir iwermar".